[ad_1]
Mat engem klore 36:23 setze sech d’Red Boys géint Dikrech duerch.
Mat de Red Boys Déifferdeng steet den éischte Finalist an der Coupe fest. De Géigner gëtt ab 20.45 Auer am Duell tëscht dem Handball Esch an dem HB Diddeleng gesicht.
Chev Dikrech – Red Boys Déifferdeng 23:36 (11:17)
An der éischter Halleffinall war Déifferdeng mat engem 6:1-Laf an de Match gestart an hat domat fréi kloer gemaach, a wat fir eng Richtung de Match verlafe soll. Dikrech war an der éischter Véierelstonn ze haseleg an huet vill Ballverloschter produzéiert. Den Dikrecher Golkipp Eric Post huet d’Avance vun de Red Boys mat enger Rëtsch Paraden niddereg gehalen.
Bis zur 20. Minutt konnt sech Dikrech op 4 Goler erukämpfen, mee duerno huet Déifferdeng den Tempo erëm ugezunn a konnt sech bis zur Paus op 17:11 ofsetzen.
D’Red Boys sinn och déi zweet Hallschent mat der néideger Seriositéit ugaangen, ouni awer hiert komplett Potenzial ofruffen ze mussen. Dikrech konnt bis zur 45. Minutt den Ecart a Grenzen halen, mee duerno huet d’Kraaft nogelooss, well de Chev quasi mat der Stamm-7 duerchgespillt huet.
Bei der zweeter Participatioun hannerteneen um Final4 ass et fir Dikrech déi lescht 15 Minutte richteg batter ginn. Déifferdeng huet ee Ball nom aneren eragesat an huet sech eng maximal Avance vu 14 Goler erausgespillt. Um Enn stoung en 36:23 um Tablo, woumat d’Red Boys den éischte Finalist sinn an elo d’Chance op déi drëtt Victoire hannerteneen an der Coupe hunn.
De Brice Aillaud op Déifferdenger Säit war de beschte Scorer mat insgesamt 10 Goler, fir Dikrech huet de Jakub Dulewicz am beschte markéiert (8 Goler).
Den Iwwerbléck vun de Resultater
[ad_2]
Source link