Luxemburgo, RTL, Luxemburgês

[ad_1]

Duerch eng 0:2-Defaite am Derby géint Everton léisst Liverpool wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel leien.

E Mëttwoch stoungen am internationale Futtball eng Rei Matcher um Programm. An England bleift Arsenal no enger Defaite vu Liverpool virzäiteg mat dräi Punkten Ecart un der Tabellespëtzt, an Italien séchert sech Atalanta géint Florenz den Ticket fir d’Finall vun der Coppa Italia a fir de PSG ass den 12. Championstitel no enger weiderer Victoire net méi wäit fort.

Premier League

Everton – Liverpool 2:0
1:0 Braithwaite (27′), 2:0 Calvert-Lewin (58′)

Am Derby géint Everton muss sech Liverpool mat 0:2 geschloe ginn a léisst Arsenal domat virleefeg op dräi Punkten dervunzéien. No enger ausgeglachener Ufanksphas war fir d’Lokalekipp no engem Fräistouss den 1:0 gefall. Vun de Reds war alles an allem ze mann um Terrain ze gesinn, och wann et duerch den Darwin no 35 Minutten eng gutt Chance op den Ausgläich ginn ass. Am zweeten Duerchgang huet Everton da weider gutt dogéintgehalen an huet sech dann an der 58. Minutt och mam zweete Gol belount krut. Och d’Gléck war op dësem Mëttwochowend net op der Säit vun der Ekipp vum Jürgen Klopp. Sou huet de Luis Diaz ronn 20 Minutte viru Schluss nëmmen de Potto getraff. Everton konnt d’Féierung iwwert d’Zäit bréngen a sammelt domat selwer wichteg Punkte géint den Ofstig.

Manchester United – Sheffield United 4:2
0:1 Bogle (35′), 1:1 Maguire (42′), 1:2 Diaz (50′), 2:2 Fernandes (61′), 3:2 Fernandes (81′), 4:2 Höjlund (85′)

Manchester United huet sech trotz zweefachem Réckstand dräi Punkte géint Sheffield geséchert. No 35 Minutte war de Gaascht eng éischte Kéier a Féierung gaangen, déi den Harry Maguire kuerz virun der Paus awer nach egaliséiere konnt. Fënnef Minutten nom Säitewiessel sollt Sheffield dann nees a Féierung bréngen, duerch eng gutt Schlussphas huet United dann awer virun den eegene Spectateuren nach eemol Moral bewisen an de Match op hir Säit gedréint.

Crystal Palace – Newcastle 2:0
1:0 Mateta (55′), 2:0 Mateta (88′)

Wolverhampton – Bournemouth 0:1
0:1 Semenyo (37′)

Coppa Italia

Atalanta – Florenz 4:1
1:0 Koopmeiners (8′), 1:1 Martinez Quarta (68′), 2:1 Scamacca (75′), 3:1 Lookman (90+4′), 4:1 Pasalic (90+8′)

Atalanta steet no engem 4:1-Succès géint Fiorentina an der Finall vun der italienescher Coupe. D’Haushäre konnte fréi a Féierung goen an domat de Réckstand aus dem Allersmatch ausgläichen. No der Paus konnt de Gaascht vu Florenz dann trotz enger rouder Kaart an Ënnerzuel ausgläichen. Dräi spéit Goler hunn Atalanta um Enn awer nach den Ticket fir d’Finall geséchert. Do geet et de 15. Mee zu Roum géint Juventus.

Ligue 1

Lorient – PSG 1:4
0:1 Dembélé (19′), 0:2 Mbappé (22′), 0:3 Dembélé (60′), 1:3 Bamba (73′), 1:4 Mbappé (90′)

De PSG bleift mat enger klorer 4:1-Victoire iwwer Lorient weider um beschte Wee a Richtung 12. Championstitel. Den Dembélé huet de Score mat sengem Gol an der 19. Minutt opgemaach, nëmmen dräi Minutten drop konnt den Mbappé dann op 2:0 erhéijen. D’Gäscht hu sech dominant gewisen an och de Géigegol zum tëschenzäitlechen 1:3 huet hinnen näischt ugedoen. An der 90. Minutt huet den Mbappé da mat sengem zweete Gol op dat verdéngt 4:1 Schlussresultat gestallt.

Marseille – Nice 2:2
0:1 Moffi (13′), 1:1 Clauss (31′), 2:1 Aubameyang (56′), 2:2 Bard (72′)

Monaco – Lille 1:0
1:0 Fofana (61′)



[ad_2]

Source link

Notícias

Indonésia, Republika, Indonésio

[ad_1] REPUBLIKA.CO.ID, JAKARTA — Direktur Jenderal Bea dan Cukai Kementerian Keuangan Askolani buka suara soal tingginya sanksi administrasi barang impor. Dia menjelaskan besaran sanksi administrasi

Indonésia, Indo Pos, Indonésio

[ad_1] Harianjogja.com, DEPOK—Ombudsman Republik Indonesia (ORI) DIY meminta masyarakat untuk melapor jika menemui tiang-tiang kabel yang tampak semrawut. Laporan-laporan yang datang dari masyarakat ini akan

Hong Kong, South China Morning Post, Inglês

[ad_1] Hong Kong authorities will step up enforcement on illegal ride-hailing services and rogue taxi drivers over the coming Labour Day “golden week” holiday, while

Tailândia, Business Day News, Tailandês

[ad_1] มูลนิธิสุญญตาวิหารเผยหลักสูตรการดับทุกข์สำหรับผู้บริหารระดับสูงรุ่นแรก มีผู้สนใจในช่วงสองอย่างล้นหลาม รองประธานมูลนิธิฯเผยมีทั้งอดีตรัฐมนตรี อดีต สว. และอดีตปลัดกระทรวง สนใจ ชี้หลักสูตรนี้เหมาะกับโลกในยุคปัจจุบัน นายสมชาย เลิศด้วยลาภ รองประธานมูลนิธิสุญญตาวิหาร เปิดเผยว่าด้วยสถานการณ์ปัจจุบันสิ่งที่เกิดขึ้นทั้งในประเทศไทยและในโลก ทั้งปัญหาสังคม ปัญหาเศรษฐกิจ ปัญหาทุกอย่างอีกมากมายที่เกิดขึ้น สำหรับผู้บริหารจะมีการรับรู้และรับผิดชอบมากกว่าบุคคลทั่วไป ทั้งผู้บริหารหน่วยงานภาครัฐ และผู้บริหารหน่วยงานภาคเอกชน โดยทุกข์ที่เกิดขึ้นนั้น เกิดเพราะความรับผิดชอบที่มีต่อตัวเอง หน่วยงานและสังคม รวมถึงประเทศการเป็นทุกข์สำหรับผู้บริหารแล้ว มักจะไม่สามารถบอกหรือปรึกษาใครได้ เพราะความน่าเชื่อถือและความคาดหวังของคนในองค์กร