D’Police warnt virun engem Gauner zu Diddeleng, deen en Dënschdeg an der Rue des Champs enger Fra an hirem Haus Sue geklaut huet.

Dat nodeems hie sech als e Mataarbechter vun enger Associatioun ausginn hat, déi Done géif sammelen. Eng Enquête gouf lancéiert.