[ad_1]
D’Emma Sorgato hat d’Halleffinall vun der belscher Talentshow iwwerstanen a stoung en Dënschdeg den Owend an der Finall, déi vun RTBF iwwerdroe gouf.
An der Halleffinall stoung déi 20 Joer jonk Lëtzebuergerin mat hirer Performance vum Roy-Orbison-Lidd “Pretty Woman” op der Bün a konnt de Public iwwerzeegen.
En Dënschdeg den Owend war et d’Emma Sorgato vu Fluesweiler du fir d’Finall de Retour op d’Bün vun “The Voice Belgium”. Als éischten Titel huet si “Aimée Pour De Vrai” gewielt, dee si zesumme mat der Héléna Bailly vun der Star Academy 2023 virgedroen huet. Als zweet Lidd huet d’Emma Sorgato ee Mashup vun den zwee Eurythmics-Titelen “Here Comes The Rain Again” an “Sweet Dreams” gesongen.
Mat zwee staarken Optrëtter konnt d’Lëtzebuergerin sech géint hir Konkurrenten Alexandre a Clément duerchsetzen. Mat der Sängerin Alyah ass si no engem éischte Vott an déi lescht Etapp vun der Finall agezunn.
Als lescht Lidd vum Owend huet d’Emma Sorgato “Money Money Money” vun Abba gewielt, dat si och schonn am Mäerz bei engem Live-Optrëtt an der Casting-Show gesongen hat.
No dem leschten Optrëtt vun den zwou Finalistinnen Emma an Alyah huet et du geheescht ze waarden, bis d’Leit Doheem hir Stëmmen ofginn hunn. Kuerz Zäit drop war et dunn offiziell: D’Emma Sorgato huet d’Renne gemaach an huet d’Competitioun gewonnen.
Déi jonk Lëtzebuergerin sot rezent am RTL-Interview, dass si duerch de Public den néidegen Adrenalin an d’Motivatioun géif kréien, fir ze sangen.
D’Emma Sorgato war um Team vum BJ Scott a gouf vun hir dann och schonn agelueden, si op ee Concert den 29. Juni am Spirit 66 zu Verviers ze begleeden.
[ad_2]
Source link