[ad_1]
Knapp 30 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft haten um internationalen Dag vun der Äerd en Opruff gemaach.
Et ass schonn eng Zäitchen hir, dass zu Lëtzebuerg déi lëscht Maniff fir d’Klima war, ma dat soll sech an Zukunft änneren. Bal 30 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft hu sech um Dag vun der Äerd zesummegedoen, fir de Mouvement nees ze relancéieren. Dorënner zum Beispill CELL, Greenpeace Lëtzebuerg, Provëlo, Seniors for climate, ASTM, d’Caritas oder och den OGBL.
«Den Dag vun der Äerd gouf 1970 besonnesch vu Länner aus dem globale Süden, also Latäinamerika, Afrika an Asien agefouert», huet d’Magali Paulus vun CELL, engem Mouvement fir déi ökologesch Transitioun, betount. Dëst wiere Länner déi eng aner Relatioun zu der Äerd hätten. D’Iddi haut ass, dass d’Wäertschätzung fir d’Ëmwelt nees soll gestäerkt ginn an d’Konsumverhalen iwwerduecht. Deemno huet een den Dag vun der Äerd e Méinden ideal fonnt fir esou eng Maniff.
Um 17.30 Auer ass et du bei der Gare an der Haaptstad lassgaangen. Schonn am viraus hat een zesummen eng ganz Partie Plakater preparéiert, ënner anerem an der Gare selwer. Mat vill Gesang, an ënnerschiddleche Slogane, wéi «On est plus chaud que le climat » oder « Debout pour le climat », ass de Manifestatiounszuch vun iwwer 300 Mënsche vun all Alter bis virun d’Chamber gezunn.
D’Jugendlecher waren awer an der Minoritéit. Méi eeler Semester ware mat dobäi. Vill soten, si géingen schonn zanter jeehier fir d’Ëmwelt manifestéiere goen. Fir si wier dat eng Selbstverständlechkeet. Wierklech gehéiert, géinge si se sech awer nach ëmmer net fillen. Just vereenzelt bekannte Gesiichter aus der Politik ware mat dobäi. Dorënner de Gary Diderich vun déi Lénk an den Deputéierte vun déi Gréng, de François Bausch.
Ma d’Manifestante wollten net just gesi ginn, op hirem Wee duerch d’Avenue de la Liberté an d’Stad. Och politesch Fuerderungen hu si souzesoe symbolesch bis virun d’Chamber gedroen. Revendicatiounen, déi der Politik bekannt wieren, huet d’Magali Paulus awer gemengt. Si géingen se schliisslech net fir d’éischt Kéier héieren. Et wieren Fuerderungen fir eng sozial a gerecht ökologesch Transitioun. Dës betreffen ënner anerem d’Erhale vun der Biodiversitéit, eng biologesch Landwirtschaft, erneierbar Energien an dass de Bierger an d’Biergerinnen nees méi Plaz kréien, fir kënnen zesummen ze agéieren.
[ad_2]
Source link