[ad_1]
Den F91 setzt sech knapp 1:0 géint Schëffleng duerch. Stroossen stoppt de positiven Trend vun der Fola a gewënnt 3:1.
Stroossen klappt d’Escher Fola3:1 a stoppt domat de positiven Trend vun de Rout-Wäissen aus de leschte Wochen. An den éischten 30 Minutte war Stroossen déi besser Ekipp a konnt seng Golchancen äiskal notzen. Bis zu deem Zäitpunkt hat d’Fola offensiv näischt op den Terrain bruecht. Mat der éischter geféierlecher Aktioun krute se en Eelefmeter zougesprach a konnte verkierzen. Duerno koumen déi Escher besser an de Match an hunn och an der zweeter Hallschent den Drock oprecht gehalen, awer ouni déi néideg Reussite. Am weidere Verlaf ass de Match verflaacht a béid Ekippen hu sech mam Resultat ugefrënnt.
Den Tabellenzweeten Diddeleng léisst Déifferdeng net dervunzéien a gewënnt knapp 1:0 géint Schëffleng. An der éischter Hallschent war et keng héichklasseg Partie. Ausser dem 1:0 vum Agovic hat den F91 net vill Golchancen opweises, mee och Schëffleng huet keng richteg Reaktioun op de Réckstand gewisen. Eréischt kuerz virun der Paus haten d’Gäscht zwou gutt Chancen, déi awer net de Wee an de Filet fonnt hunn. De Match gouf an der zweeter Hallschent net vill besser. Diddeleng hat wuel de Monopol vum Ballbesëtz, mee koum net geféierlech virun de Gol, an och d’Gäscht konnte keen Drock opbauen.
Den Detail vun de Matcher kënnt Dir an der RTL Live Arena nokucken.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
F91 Diddeleng – FC Schëffleng 1:0
1:0 Agovic (10′)
UNA Stroossen – Fola Esch 3:1
1:0 Zenadji (8′), 2:0 Zenadji (23′), 3:0 Schütte (26′), 3:1 Diallo (32′, Eelefmeter)
Racing FC – FC Wolz 2:4
0:1 Gorny (7′), 0:2 Gorny (16′), 0:3 Mmaee (19′), 1:3 Buch (47′), 1:4 Schroeder (65′), 2:4 Giesteira (90’+2)
UN Käerjeng – Victoria Rouspert 0:0
D’Tabell
[ad_2]
Source link