[ad_1]
Beim Retour vum Grousse Präis vu China an de Formel1-Kalenner gewënnt den amtéierende Weltmeeschter virum Lando Norris a sengem Co-Equipier Sergio Perez.
De Max Verstappen fiert weider a senger eegener Welt. Den amtéierende Weltmeeschter feiert seng véiert Victoire an dëser Saison. Et war déi éischt Victoire fir de Red-Bull-Pilot um Circuit vu Shanghai iwwerhaapt, well tëscht 2020 an 2023 wéinst der Corona-Pandemie keng Course a China gefuer gouf. Fir de Verstappen war et en erfollegräiche Weekend, well hien och den éischte Sprint vun der Saison e Samschdeg fir sech entscheede konnt.
De Lando Norris konnt säi gutt Resultat aus dem Qualifying confirméieren a kënnt virum zweete Red Bull mam Sergio Perez op déi zweet Plaz. Net op de Podium gepackt hunn et déi zwee Ferrari-Piloten, wou de Charles Leclerc virum Carlos Sainz iwwer d’Zillinn fiert. Beschte Mercedes war den George Russell virum Fernando Alonso, dee vun der 3. Positioun aus an d’Course goung, awer wéinst engem zousätzleche Boxestopp d’Feld vun hannen huet mussen oprullen.
Déi lescht Punkte goungen un den Oscar Piastri, de Lewis Hamilton, dee vun 18 op 9 no vir gefuer ass, an un den Nico Hülkenberg.
De Max Verstappen war vun der éischter Positioun an d’Course gaangen a konnt dës Plaz op den éischte Metere verdeedegen. Och zwou Safety-Car-Phasen, nom Ausfall vum Valterri Bottas a Yuki Tsunoda, an der Mëtt vun der Course huet den Hollänner net vu senger Victoire kënnen ofhalen.
Wéi verschidde Medie mellen, soll déi nächst Woch eng Ännerung am Punktesystem ab der Saison 2025 decidéiert ginn. Da géifen et fir d’Plazen 1 bis 12 Punkte ginn.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 LENOVO CHINESE GRAND PRIX 2024
D’WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
[ad_2]
Source link