[ad_1]
Zanter e Samschdeg an nach bis de 5. Mee ass zu Lëtzebuerg nees d’Muttergottes-Oktav amgaangen.
Och dëst Joer gi sech rëm Zegdausende Gleeweger an de Massen an der Kathedral an um Mäertche bei der Gëlle Fra erwaart. Fréier sinn déi meescht zu Fouss an d’Stad gepilgert, mee mëttlerweil gehéieren dës Leit zu enger Minoritéit. De Marc Hoscheid huet doriwwer an iwwert d’Thema vun dëser Oktav mat engem Paschtouer geschwat.
Géint 10.30 Auer goung d’Prozessioun vun de Poren “Iewescht Syr Saint-Esprit” an “Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas” op der Stater Corniche a Richtung Kathedral fort. Moies um 8.30 Auer hate sech d’Membere vun der Por Iewescht Syr beim Waassertuerm um Sennengerbierg Rendez-vous ginn, fir iwwert de Vëloswee an d’Stad ze pilgeren. Um Enn hate sech awer just 3 Dammen zesummefonnt. Pilgere schéngt definitiv net méi a Moud ze sinn. De Curé modérateur Daniel Graul iwwert ee méigleche Grond fir dës Entwécklung.
“Jo, et mierkt een en Ënnerscheed, datt ëmmer manner Leit matginn. Gutt, de Rhythmus vun de Leit, deen huet sech haut och geännert. Ech mengen, waren d’Leit fréier vill méi flexibel, et konnt ee sech fräi huelen oder et huet een doheem geschafft. Haut an där neier Aarbechtswelt ass dat och net méi sou einfach, lo ze soen, ech ginn haut net schaffen an ech gi lo pilgeren.”
Et géingen awer och nach méi Faktoren derzou féieren, datt sech d’Aart a Weis vum Pilgere verännert. Trotzdeem krit een nach ëmmer Leit motivéiert, fir mat ze goen, och där mat Kanner. Gehollef hätt dobäi och, datt een de Rendez-vous vun der Mass vu 8.15 Auer méindes op 11.15 Auer um Dënschdeg geréckelt huet. D’Thema vun dëser Oktav ass “fir ze déngen”. Mee wat soll de konkrete Message sinn?
“Déngen oder ze déngen, do gesinn ech eigentlech dat Matenaner, och rëm dat Zesummen. Ech mengen, mir liewe jo haut an enger Welt mat sou vill Krich an Onsécherheeten oder och am Klenge sou vill Géinteneen. Sou ass dat hei eigentlech ee gutt Thema, wou mer och rëm eng Kéier dru rappelléiert ginn, datt mer jo alleguerten, Een an deen Aneren am Déngscht vun deem Anere solle stoen, also dat Mateneen.”
Ee Matenee géing dann och duerch d’Pilgeren entstoen, well ee sech zesummen op de Wee mécht, an dësem Fall bei d’Muttergottes. Ma als Chrëscht wier ee souwisou säi ganzt Liewe laang ënnerwee.
[ad_2]
Source link