Haalt op d’Beem ze massakréieren, sou Opschrëfte hänken zënter e Freideg op Calicoten an der Péitruss – net op der Grënnescher, mee op der Hollerecher Säit
Kuerz ier déi zweet Phas vun der Renaturéierung vun der Péitruss uleeft, maache Garer Leit op den Agrëff an dës Sträif Natur opmierksam: Op en Neits géifen joerzéngtenal, wäertvoll Beem verschwannen an op en Neits géif d’Stad d’Bierger iwwergoen.
Jo, se ass op hirer Mëscht gewuess dës Aktioun fir d’Net-Ofholze vun hirem Deel vum Dall, dee riets vun der neier Bréck, wann een op d’Gare fiert. Dee war ëmmer scho mi wëll, manner Schickimicki, a sollt jo vun Ufank un eréischt no der LUGA ëmgebaut ginn. Mee et wier hir Plaz, fir emol e Kannergebuertsdag ze feieren, fir z’entspanen, fir ze ootmen, sou d’Garer.
De Bongert zum Beispill, de Pläng no kéim deen ewech wéinst der Renaturéierung…oder war et Revaloriséierung? Genee Infoen hätt ee keng, soen d’betraffe Leit. Um Site vun der Stad Lëtzebuerg fënnt een effektiv kee leschte Stand, näischt Konkretes, juste en “Avant-Projet détaillé” vu Juni 2019. Si erënnere sech, dass am Gronn op eemol méi a méi Beem ewechkoume wéi ugangs gesot an anerer duerch d’Waasser de Buedem ënnert de Féiss verléieren. Jo zu engem Kompromëss, jo zu eppes wat besser gëtt – wann et da besser gëtt. Ma ouni Infoe bleift ee skeptesch, stellt ee sech Froen, zum Beispill, firwat d’Péitruss net scho virun dem Stadkär aus dem Bett gelooss gëtt.
Et geet den Awunner ëm den Environnement, ëm de gesonde Mënscheverstand bei Planungen, ëm hir Liewensqualitéit awer och. Si, d’Garer, wëlle virun allem emol wëssen, wat genee hei verännert, ëmgehaen an ëmgestalt gëtt. Eng Saach vu Choix wier et natierlech, mee eng Saach och vun deem, wat een hautdesdaags a punkto Klimaschutz fir de muer awer och den haut ka veräntwerten.