D’LA Lakers konnte sech an der Nuecht op e Sonnden an der NBA en neien Titel sécheren.

Fir déi éischte Kéier gouf an der NBA en Tournoi wärend der Saison gespillt. Bei dësem neien “in season tournament”, deen duerchaus mat der Coupe-Competitioun aus Europa vergläichbar ass, gouf den “NBA Cup” verspillt. D’Halleffinallen an d’Finall goufen zu Las Vegas gespillt.

An der Finall stounge sech d’Los Angeles Lakers an d’Indiana Pacers géintiwwer. Dëse Match konnt d’Ekipp vu Los Angeles 123:109 fir sech entscheeden. Mat 41 Punkten an 20 Rebounds war den Anthony Davis de stäerkste Spiller vun der Finall. Wäertvollste Spiller vum neien Tournoi ass de Superstar Lebron James, dee mat 38 Joer a senger 21. Saison an der NBA weider d’Rekordbicher ëmschreift. Hien huet dës Saison als éischte Spiller d’Mark vun 39.000 Punkte geknackt a läit och bei de gespillte Minutte säit kuerzem op der éischter Plaz.